Zënter elo 3 Joer ass de Marc Oberweis, RTL-Expert a Saache Fussball, an der Organisatioun vun deem Team aktiv.

Jo, also d'Dream Team wéi gesot gëtt et säit knapps 13 Joer. No 10 Joer hunn d'Foundateuren, de Rocky an de Groffe Joël decidéiert domadder opzehalen a well et awer eng flott Saach ass hu mir zu puer an deem Grupp gesot, mir géifen dat gäre weiderfueren. Mir sinn am Fong eng Ekipp vu Sportler, Politiker oder méi oder manner bekannte Leit an awer och Sponsoren, déi an engem Bus dee ganzen Dag duerch d'Centres de promesse fueren. Dann spille mer an deene jeeweilege Centres de promesse eng Sportaart géint lokal Ekippen, déi dee jeeweilege Centre de promesse dann zesummesetzt.

Jo wien ass dann dëst Joer alles dobäi am Dream Team 2.0?

De Sportsminister an Aarbechtsminister Georges Mischo, dee matkënnt, d'Barbara Agostino aus der Chamber, d'Paulette Lenert, ex-Vizepremierministesch, d'Mandy Minella och an der Chamber an och Tennisprofi gewiescht, de Samy Picard, Basketprofi, President vun der Basketfederatioun, d'Lola Valerius, dat déi lecker Knippercher mécht, zum Beispill, d'Valérie Wagner, dat d'Wierder moderéiert bei Iech um RTL, de Gilles Kremer, och en Tennisspiller, Nationalchef vun der Tennisspiller, d'Lis Braz geet mat.

Wou kann een da wéini d'Dream Team erwëschen?

Jo, also wéi all Joers gi mer mueres bei RTL an da maache mer eis op de Wee an den éischte Centre, deen ass dës Kéier Habscht. Do bleiwe mer iwwer Mëtteg an dann no der Mëttegpaus fuere mer weider op Noumer an dann hale mer op mat Mäertert, Mäertert-Waasserbëlleg, wou mer dann nach e Fussballmatch hu géint véier Auer

Eent ass sécher, do wou d'Dream Team 2.0 grad drun ass, ass Stëmmung garantéiert.