19/04/2024 Télévie DHL Tour 2024

An dat ass dee mat de Vëloen. En Tour deen elo scho fir 10. Kéier organiséiert gëtt an dëst Joer eng 160 Kilometer laang ass an 1150 Héichtemeter ze bidden huet, also éischter eppes fir Cyclisten déi schonn e puer Kilometer an der Been hunn. Spontan matfuere geet leider net méi, den Tour ass Sold Out. De  Serge Haag, President vu Cycling for Health, weess dann och wéi vill Leit matfueren.

Mir probéieren dat elo aus Sécherheetsgrënn op 75 Leit ze limitéieren. Dat ass och emol, dass dat emol eng Kéier eropgeet bis 80 oder esou, wann elo e Sponsor oder esou nach seet: Hei ech wëll awer och nach matfueren, da sinn ëmmer déi och nach mat. Mee mir probéieren awer elo net zu iwwer 100 Leit jo op der Strooss ze sinn. Also dat ass schonn eng limitéiert Unzuel vun Cyclisten, déi mer do mathuelen.

Wéini a wou geet et da lass?

Do gi mer eis mueres um Site vum RTL Rendez-vous. Et geet och ëmmer do fort, och dat eeben, well RTL-Grupp den Initiateur war ursprénglech vun deem Tour. Dofir geet dat do fort. An do maache mer dann eng kleng Receptioun. Do gëtt dann nach eppes klengst, esou eng Taass Kaffi an e Croissant. An do kann een dann och d'Camionnette befëlle mat sengem Gezei, wat een no der Wee ka mathuelen an esou, an da ginn et 38 Auer ongeféier, fuere mer da vum Kierchbierg aus fort.

160 Kilometer, hate mir gesot, wär de Parcours dëst Joer laang. Wéi kommen déi Kilometer dann zestanen?

Dëst Joer ass de Parcours esou, dass mer dann ëm Kierchbierg fortfueren, iwwer Nidderaanwen, Rued-Sir erof, bis op Waasserbëlleg. Do si mer dann op eisem éischte Punkt, wou d'Cyclisten da kënnen eng kleng Paus maachen an am Centre de promesse sech do e bësse ravitailléieren och. An da fuere mer gemitterlech d'Musel erof, bis op Bus. An dann zu Bus geet et dann op Fëlschdref, Beetebuerg iwwer Steebrécken, Suessem, bis mer dann zu Rodange ukommen. An da vu Rodange aus geet et iwwer Klengbetten, da bis op Habscht, wou mer dann och nach eng Kéier stoe bleiwen op eisem drëtte Centre de promesse an da vun do aus geet et iwwer Nouspelt, Koplëscht, Steesel, Dummeldeng erëm zréck bis op de Site vum RTL.

De Vëlostour fir den Télévie verbënnt also de kierperlechen Effort mam gudden Zweck. Wéi ginn d'Suen da gesammelt?

Déi kommen iwwer zwee Weeër ëmmer eran. Déi Cyclisten, déi matfueren, déi bezuelen eng Kotisatioun. Bon, fir déi Kotisatioun kréie se dann och en Trikot, soudass een Deel vun de Kotisatiounen natierlech dann och an den Trikot erageet. An dee groussen Deel vun de Recettë maache mer selbstverständlech iwwer alleguerten Sponsoren. Also d'DHL ass jo dann den Haaptsponsor, dofir heescht en dann och DHL Télévie Tour, mee mir hunn awer nach eng ganz Rei aner Sponsoren, eng ganz Dosen, déi kann een elo net alleguerten opzielen, mee mir hunn awer wierklech vill Sponsoren, déi dann och den Tour hei oder deen Event hei matfinanzéieren.

Da wënsche mir de Cycliste vum DHL Télévie Tour e schéine Parcours an net ze vill Reen.