19/04/2024 Kiwanis-Bus

An esou ass muer de ganzen Dag iwwer de sougenannte Kiwanis-Bus on Tour fir vun Zenter zu Zenter ze fueren. Diane Wunsch, Coordinatrice vum Télévie:

"Mir fueren hei e Samschdeg de Moie mam Kiwanis Bus sou géint 9:15 Auer fort op Noumer an da kënnt dir eis do géint 10 Auer untreffen. Do si mer da sou bis 11:15 Auer. Vun do aus fuere mir da fir d'Mëttegiessen an de Centre de promesse op Waasserbëlleg. Do si mir dann awer sou géint 13h45 fort a fueren dann op Rodange a vun do aus op Habscht. A vun Habscht kommen ech ganz séier an d'RTL City fir mech ze preparéiere fir d'Owessendung."

An deem Bus sëtzen am ganzen eng 25 Leit vum Kiwanis, dat sou wuel vu Lëtzebuerg wéi awer och aus dem Ausland:

"Mir hunn do mol fir d'alleréischt d'Nathalie Frisch mat dobäi, dat ass d'Presidentin vun der Fondation Kiwanis. Dann hu mer awer och Membere wéi de Bernie Altmann, Sekretär vun der Fondatioun Kiwanis, awer och den Ambassadeur vum Children's Fund Europe 1. Dat ass och eng ganz schéi Saach. Dann nach international, do hu mer de Josy Glatigny, dat ass eisen aktuellen europäesche President an dann den Daniel Vigneron, dat ass de viregte President vu Kiwanis International."

Firwat all déi Dammen an Häre sech de ganzen Dag an de Bus setzen an den Tuer vum Land maachen a wat hinne besonnesch wichteg ass, weess d'Coordinatrice vum Télévie:

"Wat eis um Häerz läit, dat ass virun allem all deene Benevollen déi elo wärend deene 7 Méint esou vill geschafft hunn, fir deene mat eiser Presenz Merci ze soe vun Häerze fir alles wat si do op d'Been gesat hunn."

Et gëtt dann och vun der Occasioun profitéiert sech all déi verschidde Stänn an deene 4 Centres de promesses unzekucken an och e bëssi Suen do hänken ze loossen déi da selbstverständlech fir den Télévie sinn.