D'Élina Ecker ass bekannt aus dem Handball vum HB Museldall. Hiren schwéierste Match hat se awer géint de Kriibs. Als Doublé-Gewënnerin 2016/2017, wéi sportlech alles gutt fir déi jonk Fra gelaf ass, krut se eng Diagnos déi se ëmgerappt huet - akut Leukemie, an de Plooschterprojet konnt hiert Liewen retten.

LIVE - Elina Ecker

De Ludovic Daxhelet ass Presentateur op RTL TVI. Um Cuistax sammelt hien zanter 3 Joer op de belsche Stroossen mat der Spuerbéchs fir den Télévie. Fir déi 4t Editioun hat et hien gëscht op Äischen verschloen fir vu Lëtzebuerg iwwer Arel eng 450km bis nächste Samschdeg zréckzeleeën.

LIVE - Ludovic Daxhelet

De Carlo Krieger war Ambassadeur zu Moskau a Peking a spéider vun 2017 bis 2022 a Brasilien. Zanter 2 Joer ass hien a Pensioun mee hien engagéiert sech weider fir Brasilien a freet sech elo op de 'Festival du Film Brésilien' dee vum 17 bis 21ten Abrëll organiséiert gëtt a wou dëst Joer d''Fra a Brasilien' am Mëttelpunkt steet.

LIVE - Carlo Krieger

Den Dan Terrao organiséiert vill Museksfestivalen wéi de 'Rise and shine' oder de Guitar-Battle am legendären 'Flying Dutchman'. Haut ass d'Première vum 'Rali do Fado e canções' an der Fiels. Op 5 traditionelle Sitten ginn 9 Fadoconcerten organiséiert

LIVE - Dan Terrao