De Gerard Fritz huet et vum Apdikter zum Keeser Franz Joseph bruecht. Den Iechternacher lieft haut an der Géigend vu Bad Ischl an do verkierpert hien reegelméisseg de Keeser.
De fréieren Liichtathlet 'Mathias Mester' presentéiert säin Buch 'Klein anfangen, gross rauskommen'. D'Gesondheet huet bemol net méi matgemaach, an dofir huet hien sech aner Bünen gesicht wéi 'Let's dance' wou hien 2022 3ten ginn ass
De Ludovic Daxhelet gëtt alles um Cuistax fir den Télévie. Leschte Freideg ass hien zu Äischen mat sengem Gefier fortgefuer an entretemps huet hien schonn sou zimmlech alles erlieft wat een erliewe kann.
De Kach Frank Manes huet déi éischt Schrëtt vu senger Léier zu Dikrech an der Hotelschoul gemaach. Am 'Wax' zu Péiteng steet hien am Guide Gault&Millau mat 13/20 Punkten. Virun 2 Joer ass hien Member vun der 'Académie culinaire de France' ginn a reegelméisseg kacht hien um Téléviedinner.