19/04/2024 Télévie: Tour mat den LSC-Kandidaten

Lass geet et um hallwer 10 zu Rodange wou si eng éischt Kéier wäerten optrieden a fir Fotoen an Autogrammer zur Verfügung stinn. Tëschent 11 an 1 Auer Mëttes sinn si dann zu Habscht. Vu do aus geet et weider op Noumer a schlussendlech op Waasserbëlleg. Mat dobäi sinn déi dräi Finalisten, déi beim LSC konnten iwwerzeegen: d'Tali mat "Fighter", d'Krick mat "Drowning in the Rain" an de Joel Marques mat "Believer".Owes sinn déi 3 dann och um Télévie Telefon z'erreechen a maachen nach een Optrëtt an der Télévie Finall, déi ee bei eis op der Telée ka suivéieren.