Solidaritéit mam Télévie: En Dag op der Fouer
All Joers behält een gutt Erënnerungen un d'Fouer. Egal op een elo éischter vun de Spiller profitéiert, bei enger Lotterie matspillt oder eppes Guddes iessen geet. Am Restaurant Kugener haten sech den 30ten August d'Téléviezentren vum leschte Joer Rendez-vous ginn, an d'Keess vum Télévie war herno de grousse Gewënner.