25/11/2024 Drawnstars fir den Télévie
Drawnstars fir den Télévie - Promien

D'Lynn Kunnert huet vill Stonnen gebraucht fir d'Promien ze kontaktéierten an ze molen. Hir Biller sinn elo an aner Hänn iwwergaangen, déi sech all gefreet hunn iwwer sou en exklusiven Kaddo, mat engem signéierten Tableau.

Drawnstars fir den Télévie - Lynn Kunnert + frou Leit

Déi gutt Nouvelle, och dat nächst Joer geet d'Aktioun 'Drawnstars fir den Télévie' virun. Mol kucken wéi eng bekannte Leit sech dann hierginn. De Montant wéi vill bei der Stee erakomm ass, gi mer de 26en Abrëll 2025 gewuer, dem groussen Ofschlossdag vum Télévie.