Organisateur: Fir e gudden Zweck Gemeng Péiteng

Wou: Zu Rodange, an a rondrëm d'Sportshal

Och dëst Joer hu mir zu Rodange erëm e groussen centre de promesses an et geet wéi gewinnt scho Freides Owes lass.

De Grill an de Comptoir sinn ab 17h00 a Betrib, Mega Ambiance mat flotter Show a genialer Live-Musék am Zelt.
Den Entrée ass gratis.

Samschdes dann ass ab 10h00 an der Hal, um Parking am gehëtzten Zelt, um Terrain an och an der Strooss selwer Animatioun fir Grouss a Kleng.

Um 20h00 ass déi grouss Scheckiwwerreechung a mir sinn elo scho gespaant.....

Verbréngt also 2 flotter Deeg zu Rodange a maacht dobäi och nach Eppes fir de gudden Zweck.

Mir freeën eis op Iech a soen Iech elo scho villmools MERCI!

Den detailléierte Programm fann Dir op eiser Facebook-Säit.

https://www.facebook.com/TelevieRodange/