D'ganzt Joer iwwer hu privat Leit, Benevollen, Veräiner, Associatiounen a Firme sech fir den Télévie agesat, Done gesammelt a sech domadder fir d'Lutte géint de Kriibs staark gemaach.

E Samschdeg war groussen Télévie-Dag op den RTL-Medien. Moies fréi gouf de Compteur um Radio lancéiert, wou jiddereen nach weider spende konnt. D'Telefonslinne ware vu 7 Auer un op an de ganzen Dag iwwer waren och nees eng Rei Live-Schaltungen a Reportagen an Temoignagen um Radio.

Owes an der Live-Emissioun op RTL Télé Lëtzebuerg goufen um Compteur final all Donen, déi wärend deem ganze Joer gesammelt goufen, annoncéiert an et koumen 1.454.376 Euro zesummen.

Wéi all Joer gëtt de ganzen Erléis un d'Kriibsfuerschung hei zu Lëtzebuerg gespent.

E grousse Merci

Am Numm vun all de Concernéierte seet RTL en häerzleche Merci.

E ganz grousse Merci all deenen Aktiven, déi sech d'Joer iwwer fir d'Aktioun asetzen, an och deene Leit, déi den Télévie an hirem Testament vermierkt hunn an domadder och no hirem Doud nach Mënsche gehollef hunn.

Andréck aus de Centres de promesses

Dëst Joer waren d'Télévie-Zentren, aus deene mer och vill flott Fotoandréck erageschéckt kruten, hei:

- Habscht
- Mäertert-Waasserbëlleg
- Noumer
- plus de Centre de promesses permanent Rodange (zanter 2002 derbäi)

Fannt all d'Télévie-Fotogalerien op RTL.lu an all d'Informatiounen op televie.rtl.lu.

D'Télévie-Emissioun am Replay

D'Temoignagë vu betraffene Famillen, den Interview mat der Grande-Duchesse Maria Teresa an d'Optrëtter vun den LSC-Finalisten Tali, Krick a Joel Marques, wéi och déi ganz Emissioun vum groussen Ofschloss fannt Dir am Replay op RTL Play.

Wat gouf an der Vergaangenheet gesammelt?
Alles an allem sinn duerch den Télévie, deen zanter 2002 zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt, bis elo iwwer 28 Milliounen Euro fir d'Recherche géint de Kriibs gesammelt ginn.

2023: 1.639.570 Euro
2022: 2.060.211 Euro
2021: 1.242.004 Euro
2020: 975.136 Euro
2019: 2.005.842 Euro
2018: 1.674.429 Euro
2017: 1.620.455 Euro
2016: 1.567.596 Euro
2015: 1.550.847 Euro
2014: 1.389.098 Euro
2013: 1.153.928 Euro
....

Zesummenaarbecht mat de Belsch zanter 1989
Le Télévie est une opération caritative organisée en Belgique francophone et au Grand-Duché de Luxembourg par RTL-TVI depuis 1989 au profit du F.R.S.-FNRS. Elle permet de récolter des fonds pour aider la recherche scientifique dans sa lutte contre le cancer et la leucémie, chez l'enfant et chez l'adulte. Elle s'achève par une soirée de clôture télévisée.

La somme récoltée est chaque année versée au F.R.S.-FNRS, qui organise l'évaluation des projets scientifiques soumis au Télévie : les projets sélectionnés reçoivent l'intégralité de l'argent récolté, les frais liés à l'évaluation étant pris en charge par le budget propre du F.R.S.-FNRS.

Depuis 2002, RTL Télé Lëtzebuerg au Grand-Duché de Luxembourg participe également au côté de la chaîne belge et organise aussi une grande soirée de clôture en simultané avec celle de RTL-TVI.