Dir hat d'Chance, ee vun néng exklusive Produiten, déi vun Influencer oder Prominente fir den Télévie gestëft goufen, ze steeën.

D'Stee war e Samschdeg bis 22 Auer gelaf. Wärend der grousser Télévieemissioun gouf och reegelméisseg den héchste Montant matgedeelt. Gewonnen huet déi Persoun, déi als éischt den héchste Montant fir de Produit gebueden huet.

D'Persounen, déi den héchste Montant uginn haten, goufe vun eis kontaktéiert.

Eng Fränk-Schleck-Combi

Hien ass keen Influencer, ma wollt sech awer fir den Télévie asetzen. De Fränk Schleck huet eis e Suedel an en Trikot, déi beim Tour de France an den Asaz koumen, en Helm an eng Gran-Fondo-Giftkaart fir eis Stee zur Verfügung gestallt.

D'Héchstgebot louch bei 900 Euro.

Ee WebCamper fir 7 Deeg

D’Laura Lutgen ass op Instagram an TikTok als Influencerin aktiv. Déi jonk Studentin offréiert zesumme mat WebCamper e Camper fir 7 Deeg. De Modell an och d’Saison kann ee jee no Disponibilitéit selwer eraussichen. Egal ob mam grousse Camper oder mam klenge Van, sidd Dir fräi a kënnt dohinner fueren, wou Dir Loscht hutt.

D'Héchstgebot louch bei 2.050 Euro.

Air Jordan – de Sneaker fir all Sammler

De Mood geet an de leschte Méint op Instagram an TikTok richteg duerch de Plaffong! Hien test do ënnert anerem reegelméisseg Restauranten an huet bewisen, datt een och zu Lëtzebuerg als Influencer kann duerchstarten.

Den Almin an THREE52 hunn dës immens rar Schong (Gréisst 44) fir de gudden Zweck versteet. Et ass en Hommage un den originalen Design vum Air Jordan 1 High Chicago aus dem Joer 1985.

D'Héchstgebot louch bei 750 Euro.

Faarweg, geckeg an extravagant!

D’Melody Funck kennt ee vun TikTok a spéitstens beim Luxembourg Song Contest huet d’ganzt Land d’Influencerin konnten op der Bün gesinn. D’Melody kann duerch seng authentesch Aart a Weis op Social Media iwwerzeegen a stécht duerch seng ganz extravagant Kleeder eraus. Och fir den Télévie mécht si sech staark an huet sech vun engem vu hire Liblingsstécker getrennt.

D'Héchstgebot louch bei 125 Euro.

E Wellness/Beauty-Set an e Make-Up-Cours

D’Natascha Bintz ass scho laang eng vun de bekanntsten Influencerinnen zu Lëtzebuerg. Si seet vu sech selwer, si wier en "Eco-friendly lifestyle Influencer". Op hirem Instagram-Account gëtt dofir virun allem Contenu ronderëm de Sujet Famill a gesonde Liewensstil publizéiert. D’Natascha huet Wellness- respektiv Beauty-Produite vu puer honnert Euro an e Make-Up-Cours bei "J’adore Bio" proposéiert. D’Influencerin huet relativ dacks Kooperatioune mam Geschäft aus der Stad.

D'Héchstgebot louch bei 222 Euro.

Eng Corbeille vum Anne’s Kitchen

D’Anne Faber kennt ee vun Anne’s Kitchen op RTL Télé Lëtzebuerg, awer och op Social Media ass d’Presentatrice aktiv an hëlt hir Follower reegelméisseg mat an hir Kichen. D’Anne huet bei eiser Stee ënnert anerem zwee signéiert Bicher, den eegene Wäin an Drëpp an e Vintage Zervéierteller proposéiert.

D'Héchstgebot louch bei 350 Euro.

Den Tableau "Unbecoming"

D'Alisa Pjanic huet 25 Joer an ass Social Media Manager. Awer och nieft hirem Job ass si vill op Social Media aktiv a Konscht a Fotografie sinn e wichtegen Deel vun hirem Liewen. D'Alisa an de Kënschtler Wilson Ferreira Martins hunn dem Télévie den Tableau "Unbecoming"offréiert. Den Artist huet a sengem Wierk vun 2022 Storche gemoolt, fir sou d'Rees vum Liewen duerzestellen.

D’Bild ass 150 x 180 cm grouss.

D'Héchstgebot louch bei 200 Euro.

En Optrëtt am Podcast "Paus"

D’Jill an de Yannick aka Yaya van Chique versteeën en Optrëtt an hirem Podcast. Déi Zwee huele reegelméisseg mat der néideger Portioun Witz, alles a jiddereen op d’Schëpp an hunn iwwerall hire Pefferkär bäizeleeën.

D'Héchstgebot louch bei 200 Euro.

Bonus Stee: En exklusive Koffer vum Formel-1-Parfum

Et kritt ee wuel Formel-1-Parfum ze kafen, awer net an dëser Versioun. Am exklusive Koffer vun der Formel 1 ass nämlech net just d'Flëssegkeet, déi esou gutt richt, mä och nach verschidden aner Saachen.

D'Héchstgebot louch bei 700 Euro.

Sollt Dir kee vun de Formulaire gesinn, musst Dir d'Cookies akzeptéieren. Déi aktuell Héchstgeboter gi punktuell geupdate.