E Montant, dee mat Hëllef vu Benevollen, Entreprisen, Veräiner an Associatioune konnt erreecht ginn. Dëst Joer ass d'Télévie-Ekipp awer och nei Weeër gaangen, fir Sue fir de gudden Zweck ze sammelen. Et huet een Influencer aus de verschiddenste Beräicher mat an d'Boot geholl, fir nach méi Leit ze mobiliséieren. "Den Télévie gëtt et elo scho vill Joren, an et huet ee sech einfach geduecht 'ok, wat kënne mir maachen, fir och jonk Leit dobaussen unzeschwätzen'", erkläert de Loïc Juchem, "Wou sinn déi aktiv? Natierlech op Social Media. An Influencer a Content Creator gëtt et zu Lëtzebuerg ëmmer méi."

Also ass d'Iddi entstanen, eng Stee ze maachen, mat zum Beispill Objeten, déi d'Influencer mathuelen. An déi Iddi ass gutt ukomm, souwuel bei de Content Creators, wéi och dobaussen. Iwwer 9.000 Euro sinn um Enn zesummekomm.

Nieft den Influencer, der Grande-Duchesse an anere prominente Gesiichter, konnt d'Télévie-Coordinatrice Diane Wunsch och op d'Ënnerstëtzung vun de "Luxembourg Song Contest"-Finalisten zielen. D'Tali, d'Krick an de Joël ware scho vu moies fréi un an de Centres de Promesses ënnerwee. Si hu sech Zäit geholl fir hir Fans, hu Fotoe gemaach, Autogrammer verdeelt an hir Lidder gesongen. "D'Centres de Promesses konnte wierklech vun hirer Presenz profitéieren", esou d'Diane Wunsch.

An och wann et e stramme Programm war fir d'LSC-Finalisten, si hu sech gefreet iwwer de ville Kontakt mat de Fans. "Ech hu Leit kennegeléiert, Kanner frou gemaach – ech sinn extrem dankbar fir déi ganz Erfarung vun haut, well een esou vill zréckkritt huet", erzielt de Joël. An och d'Tali huet d'Zäit an den Télévie-Zentre genoss: "Ech si sou frou, dass ech fir esou eng wichteg Saach hei zu Lëtzebuerg sange kann."

Fir d'Krick war et net déi éischte Kéier um Télévie. Hatt war scho viru puer Joer beim Promi-Fussball dobäi. "Ech fannen dat super, dass den Télévie d'Land ëmmer rëm zesummebréngt a mat esou Fester weist, dass mir d'Häerz eventuell um richtege Fleck hunn a fir de gudden Zweck sammelen".

Influencer a Promis um Télévie-Dag