Dës Schong si scho mat 330 Kilometer an der Stonn duerch Melbourne geflunn! Den Formel-1-Pilot Nico Hülkenberg hat se beim Grousse Präis vun Australien un. A bei där Course ass et fir den Däitsche relativ gutt gelaf. No 58 Ronnen ass hien als 9. iwwert d'Arrivée gefuer a konnt esou zwee wäertvoll Punkte fir seng Haas-Ecurie sammelen.

Kuerz no der Course huet hie seng Schong signéiert an zu Gonschte vum Télévie gestëft. Um rietse Schong steet handgeschriwwen "AUS GP 2024", um lénkse Schong ass et d'original Ënnerschrëft vum Pilot. D'Schong goufe vun der Firma Alpinestars speziell fir den Nico Hülkenberg op d'Mooss produzéiert a mat senger Startnummer "27" a sengem Spëtznumm "Hulk" dekoréiert.

Wann Dir dës Schong wëllt hunn, da kënnt Dir hei Är Offer maachen. Déi Persoun, déi am meeschte bitt, kritt den Zouschlag. Am Fall, wa méi Persounen de selwechten héchste Montant gebueden hunn, kritt deen den Zouschlag, deen d'Offer als Éischten agereecht huet. D'Stee leeft bis den Télévie-Dag, den 20. Abrëll.

Déi aktuell héchst Offer läit bei 4.000 Euro.


D'Persoun, déi den héchste Montant uginn huet, gëtt vun eis kontaktéiert. Sollte mir nach an der Emissioun kee Kontakt mat hir kënnen ophuelen, fir d'Stee ze confirméieren, ass et méiglech, datt hiert Angebot verfält.

Sollt Dir hei de Formulaire net gesinn, musst Dir d'Cookies akzeptéieren.