Dësen XXL-Vëlo fiert vum 21. bis de 25. Abrëll duerch d’Land a sammelt an de verschiddenen Centre de Promesses Sue fir den Télévie. Jidderee kann um Vëlo matfueren, dofir brauch ee sech just ënnert kiwanischaritybike@gmail.com unzemellen. Entweder huet ee schonn eng fäerdeg Ekipp mat 12 Teamkolleegen oder et mellt ee sech eenzel un an et gëtt ee bei iergendeng Ekipp bäigesat. D’Zil ass et, mam Vëlo Reklamm fir den Télévie ze maachen an ënnerwee och Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.

© Romain a Ketty Hankes / RTL Archiv

Wou ass den Charity-Bike?
 
21. Abrëll zu Nouspelt op der Emaischen (10-17 Auer)
22. Abrëll zu Schuller beim Centre Pontebier (15-18 Auer)
23. Abrëll zu Käerch (15-18 Auer)
24. Abrëll zu Péiteng beim Centre Sportif Bim Diederich (15-18 Auer)
25. Abrëll zu Rëmerschen beim Domaine Vinsmoselle (16-19 Auer)