Bal all 12. Fra erkrankt iergendwann an hirem Liewen u Broschtkriibs. Dat soen déi lescht Zuele vun der WHO. Domat ass et déi Kriibserkrankung, déi bei Fraen am wäitste verbreet ass. Zanter Summer lescht Joer gi Fraen tëscht 45 a 74 hei am Land all 2 Joer invitéiert, sech op Broschtkriibs ënnersichen ze loossen. Ma och méi jonk Frae gesi sech mat der Diagnos konfrontéiert.
Wéi d'Cynthia Steinfort am September 2023 Mamm ginn ass, hat si d’Gefill, um Ufank vum schéinste Kapitel vun hirem Liewen ze stoen. Just zwee Méint méi spéit entdeckt si op eemol eng Knupp an hirer Broscht a riicht sech un hir Gynekologin. "Si hu mer ugeruff a gesot: 'Dat sinn d'Mëllechdrüsen. Et kann nëmmen dat sinn'. Da gleeft een dat."
Ma d’Knupp ass net fortgaangen. Am Géigendeel: Se huet sech entzünt, ass rout ginn an huet wéigedoen. Am Mäerz 2024 freet si eng weider Kéier ëm Rot bei hirer Gynekologin. Dës Kéier ginn all Regëster gezunn: Mammographie, Echographie, Biopsie. Vun Ufank un huet d'Cynthia e schlecht Gefill.
"Ech hunn ëmmer gesot, Kriibs deet net wéi an awer hunn ech geduecht: Dat dote geet net gutt aus. A wéi ech do den Uruff krut vun der Sekretärin, wou si sot, ech misst haut – den 9. Abrëll um 5 Auer - bei d'Doktesch goen an et war net meng. Do wosst ech: Wann et net waarde kann, bis meng Doktesch erëm ass aus dem Congé, dann ass et eppes Schlëmmes."
D’Diagnos ass kloer: Broschtkriibs. Béisaarteg. Triple negativ. Fir d'Cynthia brécht eng Welt zesummen: "Ech hunn nëmmen op d'Léonie gekuckt, mäi Frënd an den Aarm geholl a gesot dat geet net. Ech hunn e klenge Bëbee. Wéi soll ech dat packen?"
Dono geet alles ganz séier
Just zwou Woche méi spéit fänkt d'Chimio un. Fotoen aus der Klinik ginn et sou gutt wéi keng. D’Cynthia versicht, de Fokus op dem Positiven ze halen a mat der Ënnerstëtzung vu Frënn a Famill trotz allem an hir Mammeroll eran ze fannen.
"Wär d'Léonie net gewiescht, wier ech a méi e grousst Lach gefall. Dat Klengt huet gelaacht an ech hunn alles vergiess, wat moies war. Ech hunn him missen z'iesse ginn an d'Pampers wiesselen. Et huet mech ofgelenkt, wat gutt war", esou d’Cynthia haut.
No zwee Traitementer ginn d'Bluttwäerter esou schlecht, dass d'Chimio muss ofgebrach ginn. Déi positiv Noriicht awer: Se huet gutt ugeschloen, sou dass d'Cynthia am Juni 2024 scho kann operéiert ginn.
Duerch déi ganz Tester, déi d'Cynthia duerchlafe misst, gouf bei him eng Genmutatioun festgestallt, déi de Risiko, fir u Broscht- oder Eeërstackkriibs ze erkranken, staark erhéicht. Nodeems si sech 2024 scho béid Brëscht erofhuele gelooss huet, huet d'Cynthia sech am Mäerz dëst Joer och d'Eeërstäck präventiv eraushuele gelooss. Virun den Tester war hir wéi villen aneren net bewosst, dass si Risikopatientin wier. Fir hir Duechter wënscht si sech, dass et sech mat 18 Joer teste léisst, ob et dee Gen huet oder net. Allgemeng fënnt d'Cynthia, dass d'Preventioun zu Lëtzebuerg nach weider ausgebaut kéint ginn.
"Wann ech kucken, am Spidol, wéi vill jonk Fraen do si mat Broschtkriibs, dat ass enorm. Et kritt een d'Invitatioun vum Ministère, mä ech fannen, déi kënnt schonn ze spéit. Ech fannen et misst ee vun Ufank un ëmmer d'Brëscht oftaaschten an all puer Joer eng Echographie maachen."