
Op der Plaz kucke mir, wat de Weekend iwwer do alles gebuede gëtt. Et sinn alles an allem véier Zenteren dëst Joer beim Télévie, dat sinn Dippech, Käerch, Rodange a Schengen. Hei goufen elo an de leschte Wochen a Méint richteg vill Evenementer organiséiert an et huet ee versicht, e Maximum u Suen zesummenzekréien. Den Ofschloss vum Télévie 2025 ass dann de groussen Télévie-Dag dëse Samschden.
Déi ganz Woch iwwer melle mir eis all Owend aus de verschidden Zentren a huelen och schonn éischt Schecken entgéint. Dernieft schalte mir och all Owend bis op eise Charity-Bike. Dësen XXL-Vëlo fiert vum 21. bis de 25. Abrëll duerch d’Land a sammelt an de verschiddenen Centres de Promesses Sue fir den Télévie. Jidderee kann um Vëlo matfueren, dofir brauch ee sech just ënnert kiwanischaritybike@gmail.com unzemellen.
Entweder huet ee schonn eng fäerdeg Ekipp mat 12 Teamkolleegen oder et mellt een sech eenzel un an et gëtt ee bei iergendeng Ekipp bäigesat. D’Zil ass et, mam Vëlo Reklamm fir den Télévie ze maachen an ënnerwee och Sue fir de gudden Zweck ze sammelen.
Centre de Promesses Dippech
En Dënschden den Owend ware mir zu Dippech. Et gouf den éischte Scheck am Wäert vun 10.000 Euro vun der Fondatioun Kiwanis. Dës Fondatioun geréiert d’Sue, déi beim Télévie erakommen. Och den Charity-Bike ass duerch d’Uertschaft gefuer, do gouf et Ënnerstëtzung vun der Influencerin Nadine Robert.
Centre de Promesses Käerch
E Mëttwoch den Owend ware mir zu Käerch. Hei huet d’Gemeng hir Evenementer vun de nächsten Deeg präsentéiert an d’Gemeng Habscht (Télévie-Zenter 2024) huet e Scheck vu 14.370 Euro iwwerreecht. Dëst waren nach Suen, déi d’lescht Joer net op de Compteur gefloss waren a soumat der Editioun vun dësem Joer zegutt kommen.
Den Charity-Bike ass de ganze Mëtten duerch Käerch gefuer. Mat dobäi och d’Julie Costa. Si bedreift den Instagram-Account Luxembourg Does It Best (37.600 Follower). Op Instagram huet se hir Follower matgeholl an huet d’Léit mobiliséiert, hiren Don fir den Télévie ze maachen.
Centre de Promesses Rodange
Zanter et den Télévie hei zu Lëtzebuerg gëtt, ass och Rodange mat dobäi. Hei engagéiert ee sech Joer fir Joer fir de gudden Zweck an och dëst Joer war d’ganz Gemeng Péiteng aktiv an huet sou munch Evenementer organiséiert. Mir kucken op d’Joer zeréck a gi gewuer, wat de Weekend alles usteet. En Donneschdeg den Owend gouf et awer och nach e Scheck am Wäert vu 17.010 Euro.
Wärend dem Télévie-Dinner d’leschte Summer sinn déi Suen zesummekomm. D’Käch Chris Juchemes a Guy Kohnen verroden eis, wisou si elo schonn zanter Jore bei dësem Dinner mat dobäi sinn. Den Charity-Bike huet en Donneschden den Owend dann och seng Ronnen zu Rodange gedréint, mat u Bord waren d’Podcaster Tom Bosseler a Philippe Biberich. Si zwee kennt ee vum Podcast “Gëlle Fro” an dëst Joer engagéiere si sech och fir den Télévie.