Dëst war zum gréissten Deel den Erléis vum Haupeschfest 2024.

D'Sue goufe gespent un: Télévie, Stëmm vun der Strooss, Stroossenengelen, Ile au clowns, Femmes en détresse an Initiative Liewensufank.

Déi Verantwortlech vun deene verschiddenen Organisatiounen hu Merci gesot an dovu profitéiert hir Projete virzestellen, an ze erklären wéi d'Sue verwent ginn. 4 Memberen hu sech gemellt fir dem Comité beizetrieden. Dëst ass e wichtege Schratt fir de Fortbestand vum Veräin ze garantéieren. Si goufen häerzlech Wëllkom geheescht.

D'Sekretärin Christine Kaps huet den Aktivitéitsbericht virgedroen an d'Caissière Marie-France Siebenaler de Keessebericht.

D'Presidentin Linda Hartmann huet der Gemeng, de Sponsoren, de Memberen an de Frënn en häerzleche Merci gesot fir déi wäertvoll Ënnerstëtzung, an huet sech gewënscht dat dat an Zukunft esou bleift.

De Buergermeeschter Joé Nilles huet d'Wuert ergraff an de Fraen a Mammen fir déi gutt Aarbecht felicitéiert.

De Comité setzt sech aus 16 Memberen zesummen: Presidentin Linda Hartmann, Vizepresidentin Christiane Anen, Sekretärin Christine Kaps, Caissière Marie-France Siebenaler, Mireille Birkel, Myriam Coner- Figgle, Elisabete Dias, Germaine Greischer, Alma Karic, Martine Konsbrück, Yvonne Lima, Anne Muller, Petz Neumann, Mariette Rassel, Yvonne Pistola an Sandra Schneider.