Organisateur: Walfer Pompjeeën a Self-Defense Yoseikan
Wou: Bréck Walfer Schoul - Walfer Bréck - CPH
Kaaft och dir en Häerz zu Gonschten vum TELEVIE a maacht mat bei der grousser "HEART RACE"-Häerzer-Course op der Uelzecht!
E Samschdeg, den 21. Abrëll ginn um 15 Auer alleguer d'TELEVIE-Häerzer an der Uelzecht schwamme gelooss. Wéi eent gewënnt?
Trajet: Bréck Walfer Schoul - Walfer Bréck - CPH
Häerzer kritt een:
mat engem Virement op den CCPL LU58 1111 0707 2108 0000 vum Yoseikan Walfer mat dem Vermierk: HEART RACE / NUMM + Nummer GSM + Mailadress. Dir kritt dann d'Nummer vun ärem Häerz zougeschéckt.
bei de Memberen vum SELF-DEFENSE YOSEIKAN WALFER oder de WALFER POMPJEEËN.
den 21. Abrëll beim "HEART RACE"-Stand (bei der Sportshal) vun 10.00 bis spéitstens 14.00 Auer
Präis pro Häerz: 5 Euro. Eis Spezialoffer: 5 Häerzer fir 20 Euro!
Vill flott Präisser ze gewannen! 1. PRÄIS: 1 Flug mat engem Waarmloftballon!! Präisiwwerreechung den 21. Abrëll am Walfer Télévie-Centre de promesses no 16.00 Auer.
No der Course ka jiddereen dee matgemaach huet, eent vun de Renn-Häerzer als Souvenir op den "HEART RACE"-Stand siche kommen.