Organisateur: US FOLSCHETTE

Wou: Zu Folscht um Fussball's Terrain

Endlech!! Et ass esou wäit:

Dir wollt schon ëmmer zwou Equipen live gesin, déi international Fussballsgeschicht geschriwwen hunn? Dir wëllt en Match op engem qualitativ héigem Champions-League-Niveau gesinn? Dir hudd Bock Dramgoler an di schéinsten Spillzich ze gesin? Dann sidd der op dësem Match NET richteg! An dat ass och gudd esou!

Mat eise Kolegen vun der UNION Sportive Folschette organiséiere mir zesummen eisen éischten Gala-Grottekick, op deem dir alleguer ganz häerzlech invitéiert sidd! Et gëtt en witzegen Fussballsmatch ze bestaunen, genuch Béier ze drénken, Kolegen ze treffen an virun allem: dir maacht mat aerem Besuch eppes fir de gudden Zweck!
D´Somme vun den Entréen gëtt integral un den Télévie Letzebuerg gespend, well #MGcares.
Sidd kuerz virum Startschoss vun der neier Saison dobäi an loosst eis alleguer en d(r)enkwürdegen Fussballowend an enger rieseger Fussballfamill zelebréieren. Maacht Reklamm, rufft äer Kolegen alleguer fir desem Spektakel bäizewunnen!
Mir freeën eis op ierch! Prost!

Entrée: 5 Euro minimum... dir kënnt souvill ginn wéi der wëllt.
Ustouss: 18:00

Fir Gedrénks, Iessen, Musek, Spaass, ass gesuergt!

https://