Organisateur: Schartz-Thull Carole
Wou: Bieles / Zolwer am Artikuss
Ech sinn d'Grënnerin vun den Häerzfeeën. Säit ville Joren engagéieren ech mech fir den Télévie. Eis kleng Equipe besteet aus 3 engagéierte Persounen a mir bitze schéin Deko Häerzer. Dobäi komme och nach selwer dekoréiert Bicker vun all Thema, eis kleng geckeg Inten.
Am Joer maachen ech en Opruff bei Frënn a Bekannten iwwert Sozial Medien fir e Sponsoring. Dat heescht, mir hunn esou schonn Häerzer, Inten, an och Bicker an de Service Chimio gefouert, wéi och an d'Kannerklinik an an den CHL. Déi schéi Saachen ginn dann un Patienten ausgedeelt, déi sech iwwert all kleng Opmierksamkeet immens freeën. Esou kommen dann nieft de Mäert nach Don'en eran fir op den Télévie Scheck.
Ech hunn e klenge Pédicure Betrib zu Rëmeleng ( Foussfee ) wou ech am Moment eng Tombola lafen hunn mat Rubbel Lousen, wou meng Clienten, mat e besse Chance, hir Pédicure kënne wannen. A säit laange Joren ass meng Aktioun Kleinvieh macht auch Mist ganz bekannt. Bei dëser Aktioun sammele meng trei Clienten hir ganz Mënzstecker a geheien se bei mir an Spuerkëscht. Mir kréien do eng 30 Kilo Mënz zesummen déi dann herno matt op den Télévie Scheck kommen.
Merci
Carole Schartz-Thull an CO