Organisateur: Nidderfeelener Jongen
Wou: Nidderfeelen am Schoulhaaff
D’Nidderfeelener Jongen (NFJ) sinn e Veräin vu fest zesummengewuessene Kolleegen, déi zanter 1952 fir Stëmmung, Zesummenhalt a vill flott Momenter an eisem Duerf suergen. Haut si mir e wichtege Bestanddeel vum soziale Liewen zu Nidderfeelen an organiséieren oder ënnerstëtze reegelméisseg Eventer an der Gemeng. Wou mir dobäi sinn, sinn och gutt Gedrénks a gutt Laun garantéiert.
Ee vun eise gréisste Rendez-Vous'en am Joer ass d’Nidderfeelener Kiermes am Schoulhaff. Hei komme Jonk a manner Jonk zesummen, fir ze feieren, ze laachen an d’Duerfgemeinschaft ze stäerken. Nieft gudder Musek an enger feiner Auswiel u Gedrénks a Snacks steet virun allem d’geselleg Zesummesinn am Mëttelpunkt.
Eise Veräin huet mat vill Freed d'Nouvelle opgeholl, dass Gemeng Feelen bei der nächster Editioun vum Télévie als Centre de Promesses dobäi ass – an dofir wollte mir natierlech och mat an d’Boot sprangen. Op eiser Kiermes stelle mir eng Spuerbéchs op, wou all Gaascht fräiwëlleg e klengen Don fir den Télévie ka maachen – kleng Bäiträg mat engem groussen Effekt.