Organizer: LOF - Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun asbl
Wou: Arrivée am Gridx zu Wickreng
Wat? Wéini?
Nom grousse Succès vun de leschte Joren organiséiert d’Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun (LOF) de 15. Oldtimertour fir den Télévie, Samschdes, den 18. Juli 2026, mat Arrivée am Bannenhaff vum GridX. (www.gridx.lu)
Wéi leeft den Tour of?
Et gëtt kee gemeinsame Start an och kee Cortège. Dir kënnt eleng oder am Grupp starten, wou Dir wëllt, a sou vill Kontrollpunkten ewéi méiglech ufueren. D’Kontrollpunkten si vun 10:00 bis 16:00 Auer op a ginn op der Kaart op eiser Internetsäit gewisen. Op all Punkt kritt Dir e Stempel fir Är Bordkaart.
D’Arrivée an d’Presentatioun vun de Gefierer fënnt tëscht 15:00 a 17:00 Auer bei GridX zu Wickreng statt. D’LOF-Télévie Rallyeplack muss gutt siichtbar vir um Gefier fixéiert sinn.
Participatiounspräis
30 € pro Gefier (Chauffeur an all Matfuerer inklusiv).
Zousätzlech Spenden si wëllkomm a ginn integral un de Télévie weidergeleet.
Wien dierf matmaachen?
All Oldtimer a Youngtimer ab 20 Joer sinn häerzlech wëllkomm: Autoen, Motoen, Camionen, Trakteren, Militär- a Pompjeesgefierer an aner historesch Gefierer.
Umeldung
Mellt Iech mam Umeldungsformular op www.lof.lu un.
Umeldeschluss: 10. Juli 2026.
Spéitstens 3 Deeg virum Event kritt Dir Är Rallyeplack an all néideg Informatiounen zougeschéckt.