De 25. Abrëll 2015 war erëm den traditionellen Télévie Motostour. Ronn 220 Leit hate sech ageschriwwen, fir matzefueren. Dëst Joer ass et zu Miedernach lassgaangen, vu wou aus den Tour op Téiteng an d'Schungfabrik gefouert huet. No engem klengen Openthalt ass et du weidergaangen op Housen. Den drëtten Deel vum Tour huet du vun Housen op Esch gefouert, wou och no 260 km d'Arrivée war. Déi Verantwortlech vun der Gemeng Esch haten den Dag virdru d'Stuntshow vum Stuntman Yannick annuléiert (déi hätt sollen um 19 Auer zu Esch sinn a war och schonn organiséiert). De Stuntman Yannick huet sech mam Organisateur sozial gewisen an doropshi mëttes zu Téiteng eng kleng Show gemeet.