Télévie: Concert mam Ensemble VIVACE @ Pontebier zu Schuller (17.9.25)
Am Kader vum Centre de Promesses Télévie Dippech huet de Kiwanis Esch-Uelzecht de 17. September 2025am Pontebier zu Schuller e Concert mam Ensemble VIVACE organiséiert.
Vill Leit waren dee musikaleschen Highlight lauschtere komm. E grousse Merci un eise Sponsor Kiwanis Esch-sur-Alzette, u Vivace an all d'Benevoller, déi deen Owend erëm am Asaz waren.