Vun Adventskränz iwwer Kränz fir un d’Dir, Chrëschtarrangementer a Chrëschtdeko, déi an Zesummenaarbecht mam CIGL vun Hand gebastelt goufen, ass esou munsches vum Grupp Adventsfest aus der Gemeng Stengefort gebueden.
D’Fraen a Mammen Hoen, Klengbetten, Koler a Grass hu sech ëm d’Tombola gekëmmert a fir dat leiblecht Wuel gesuergt mat Kuch a Kaffi.