Prestige-Dîner "VinsLux" fir den Télévie (27. Februar 2016)
De Claude François, Wäinexpert a fréiere Journalist, hat 13 vun deene beschte Wäiner a Crémanten ausgesicht, fir dëse super Dîner am Casino 2000. Zerwéiert goufen 11 Wäiner an 2 Crémanten zu 8 verschiddene Kreatioune vun de Cheffe vum Casino 2000 Alain Pierron a José Avelaro.
All d’Wäiner goufen am Laf vum Dîner vun deene jeeweilege Wënzer presentéiert.
Den Owend stoung och am Zeeche vum Télévie: Am Laf vum Owend goufe Selektioune vu Lëtzebuerger Likör-Wäiner versteet, Stréi-Wäiner an Äis-Wäiner, dobäi schonn eng ganz Rei eeler Millésimen.
De Christian Schmit huet déi flott Steeën zesummen mam Diane Wunsch, Coordinatrice vum Télévie, animéiert.