Theaterclub "Ierpeldeng Trau Dech" on tour (3. Februar 2017)
Nom grousse Succès am November zu Bierden, ass den Theaterveräin "Ierpeldeng Trau Dech" elo mat sengem Theaterstéck "Et war net keen!" ënnerwee duerch d'Land. Dobäi weisen d'Acteuren net nëmmen ee witzege Krimi vum Frank Kuffer, mä och ee grousst Häerz. Den Erléis vun den Owender kënnt dem Télévie zegutt.
Nächst Statiounen sinn den 1. Abrëll zu Wëntger (à confirmer) an den 28. Abrëll zu Zolwer. Informatioun a Reservatioun um: 621451802 oder theater.ierpeldeng@gmail.com.
D'Equipe vun Ierpeldeng invitéiert och all Kéier een Iwwerraschungsgaascht op d'Bühn. Zu Bartreng war dat d'Kelly Decker vun DSDS.