Guedber: Chrëscht Concert zu Gonschten vum Télévie
De Guedber Mandolinneveräin "La Lyre" huet en Samschdeg an en Sonndeg an der Kierch zu Guedber en Chrëscht Concert zu Gonschten vum Télévie gespillt.
Den Dr. Mario Dicato huet an e puer Wieder de Leit ze verstoen ginn wéi wichteg et ass den Télévie - also Kribbsfuerschung - ze ënnerstëtzen.
Den President vum Organisatioun's Comité vum Centre de Promesses Jonglënster, den Här Romain Buschmann, huet Leit gebieden sie als Zenter 2019 ze ënnerstëtzen an säin Opruff war - hëlleft ons hëllefen - do wou hëllefen Spaass mécht ❤
De ganzen Erléis vun dësen 2 Deeg ass un den Télévie gespent ginn.