Mensch ärgere dich nicht-Tournoi fir den Télévie (17.2.19)
Déi Lënster Trëppler haten op en offiziellen MENSCH ÄRGERE DICH NICHT-Tournoi an de Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster invitéiert. 52 Spiller hunn bei dëser éischter Editioun deel geholl, an haten richteg vill Spaass. De ganzen Erléis ass un den Télévie gespent ginn.