"Schéiss de Promi of" Vëlkerball-Turnéier (6.4.19)
Den 6. Abrëll 2019 war zu Biissen d'Vëlkerball Turnéier "Schéiss de Promi of" fir den Télévie. Et ware 16 Ekippen an 2 Promie-Ekippen mat um Start. An der grousser Finall konnt sech dunn d'Ekipp "Kreisligalegenden" géint eis Promien duerchsetzen an huet de Pokal mat Heem geholl.
Promien: Jenny Warling, Marc Spautz, Philippe Ernzer, Thierry Mersch, Martine Hansen, Dj Nosi, Paul Galles, Dylan Pereira, Monica Semedo, Abby Toussaint, Sven Clement, Christian Welter, Kelly Decker a Fränk Kuffer.
Dem Philippe Ernzer, vun der Meteo Boulaide, wënsche mer op dësem Wee eng gutt Besserung. Hien ass leider no engem Sprong falsch opkomm an huet sech dobäi e Broch am Knéigelenk zougezunn.