Télévie-Charity-Indoor-Cycling-Marathon: Strampele fir de gudden Zweck (27.04.19)
Och CK Fitness huet um Télévie-Dag fir de gudden Zweck Sue gesammelt. An hiren Zenteren zu Esch an zu Jonglënster konnten d'Membere sech aschreiwen a fir den Télévie op de Vëlo klammen.
Dofir hu si op 10 Euro pro Stonn um Vëlo bezuelt (verschiddener och méi) déi integral un den Télévie ginn. Zu Esch ass de Marathon iwwer 3 Stonne gaangen an zu Jonglënster esouguer iwwer 4. Verschidde vun den topmotivéierte Sportler sinn dann och iwwert déi ganz Distanz matgaangen.
Esou konnten am CK zu Esch iwwer 600 Euro gesammelt ginn, zu Jonglënster am Fitnesszenter ëm déi 1.000. Déi genau Zomme ginn awer eréischt am Laf vum Owend bekannt gemaach.
Zu Esch gouf et donieft nach eng Kooperatioun mam Lycée Technique de Lallange, déi fir den Télévie virum Lycée Iessen a Gedrénks verkaf hunn.