Spaghetti-Iesse vum Squash-Club vun der Gemeng Schengen (18.1.25)
D'Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg asbl huet sech houfreg gewisen, hiren éischten Télévie-Testlaf ze organiséieren. Mat groussem Erfolleg ass dësen Event iwwert d'Bün gaangen. An enger waarmer a familiärer Atmosphär hu sech d'Participanten a Benevollen zesummefonnt, wou traditionell Spaghetti zerwéiert goufen. Den Nomëtteg gouf mat engem flotten a gesellege Spillprogramm ofgeronnt.
Besonnesch geéiert ware mir duerch d'Presenz vun der Télévie-Coordinatrice, der Madamm Wunsch. Duerch d'Generositéit vun all de Participanten a Sponsoren konnte mir e schéine Montant fir dës gutt Saach sammelen.
Dir sidd all häerzlech agelueden op eisen nächsten Télévie-Event vum Squash Schengen, dee fir den 8. Mäerz 2025 um Site vum CK Kockelscheuer geplangt ass. Notéiert Iech den Datum elo schonn!
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.