De 15. Mäerz 2025 war am Centre Pontebier zu Schuller e speziellen Afterwork mat engem Defilé vun MORENA Couture vu Mamer. D’Fashion-Designerin Osvaldina Moreira huet eng Auswiel vun hire schéinste Kreatioune gewisen. D’Soirée gouf vum Centre de Promesses Télévie Dippech organiséiert, e Merci all deenen, déi do waren an de Benevollen, déi gehollef hunn.