De Samschdeg, 22. März 2025 war an der Orangerie am Park vum Domaine Thermal nees de flotten Dinner zugonschte vun Télévie.
Top Lëtzebuerger Wäiner a Cremanten (dovu vill Bio-Wäiner) si mat engem 6 Gäng-Menü zerwéiert ginn. D'Wënzer selwer hunn och um Owend deelgeholl a hir Wäiner virgestallt.
Am Laf vum Owend sinn och eeler Lëtzebuerger Wäiner versteet ginn, esou wéi och een Originalbild vum Lëtzebuerger Kënschtler Sumo zum Thema Wäin - dat alles fir de gudden Zweck.