Den 22. Abrëll 2025 war RTL-Radio mam Jean-Marc Turmes scho Moies fréi op Besuch an der Gemeng Dippech, fir iwwert de ganzen Dag verdeelt live Reportagen aus dem Centre de promesses ze maachen. Géint 7 waren d’Leit aus dem Gemengenatelier an d'Gemneng ob Schuller komm, wou et Kaffi a Croissante gi sinn. Matbruecht hate si als Iwwerraschung e Chèque vun 750.-€. Duerno goung et bei Juccalux, an d’Schuller Schoul a bei den Haff Aubrac Thill ob Dippech, zesummen mat dem Proxy Delhaize, der APEEF an der Amicale vun de Scouten. Hinnen all e grousse Merci fir hiren onermiddlechen Asaz.