Télévie Challenge 2011: 'Indoor Cycling' fir de gudden Zweck
Kee Geck! Um Freideg, 1. Abrëll gouf am Fitnessraum vun RTL um Kierchbierg vu mëttes 12 bis owes 20 Auer gestrampelt - ouni Paus! 30 Equippen um "Indoor-Vëlo" plus e puer Leit als "Rameur" an als "Triathlet" haten den Defi vum Télévie Challenge 2011 ugeholl.
Mat Succès, well beim 7. Challenge fir den Télévie sinn esou 60.000 Euro erakomm! Dat ass neie Rekord!
RTL Group huet 5 Euro pro Kilometer ginn an am Ganze goufen 8.532 km gefuer, mécht 42.660 Euro. Dobäi kommen nach 8.820 Euro fir 42 RTL-Mataarbechter, déi um Marathon zu Berlin deelgeholl an do 1.764 km zeréckgeluecht hunn. Am Total: 51.480 Euro, déi RTL opronnt op 60.000 fir d'Lutte géint de Kriibs!
Domat net genuch: Plus 1.420 Euro vun enger Elco-Equipe, plus 1.460 Euro vun enger Sales-Lentz-Equipe a plus 3.000 Euro Donatioun vun der fräier Lëscht.
Prominent ënnerstëtzt goufen d'RTL-Mataarbechter dës Joer vun: Jean-Marie Halsdorf, Mars di Bartolomeo, Xavier Bettel, Nancy Arendt, Camille Gira, Jean-Paul Zens, Fons Leweck, Miss Luxembourg 2011 Stéphanie Ribeiro, Mister Luxembourg 2011 David Florentin a Mandy Graff.
Zanter 2005 gëtt et den Télévie Challenge vun RTL Group. Dobäi goufe bis elo 261.353 Euro gespent. Zu Lëtzebuerg sinn d'Télévie-Sue fir de Laboratoire de biologie moléculaire et cellulaire du cancer (LBMCC) am Hôpital Kirchberg.