D’Gemeng Feelen ass dëst Joer ee vun den 3 Télévie-Zenteren. Mat e bësse méi wéi 2.200 Awunner, - mir der 2 dovuner - ass Feelen net déi gréisste Gemeng. dofir huet se awer eng ganz Partie flott Plazen ze bidden. Eng herrlech schéin nei Gemeng, e flotte renovéierten Hennesbau an deem ee schonn esou munch schéin Stonnen verbruecht huet an an deem och eisen Diner fir den Télévie statt fonnt huet a villes méi.
Mir hunn eis e bessen d’Méi gemaach an e puer flott Fotoen gemaach, fir eis Gemeng virzestellen. De ganzen Programm vum Télévie den 17.4 an 18.4 fannt dir op der Home Page vun der Gemeng ënnert Télévie 2026. E Freideg geet et scho lass mat engem super Concert vun verschiddenen Museker, iert en Samschdeg den groussen Télévie Dag stattfënnt.
Loosst iech iwwerraschn vun eisem schéinen Duerf an kommt eis de Weekend besichen op de Site Kuebebuer ( bei der Schoul) a ronderëm. E flotten Aussteller-Maart an villes méi waarden op Iech. Mir freeën eis op Iech.