Kannerconcert vun der Käerjenger Musekschoul zu Schuller (25.1.25)
E Samschdeg de 25. Januar 2025 war am Pontebier zu Schuller de Kannerconcert vun der Käerjenger Musekschoul am Kader vum 60. Anniversaire. 50 Kanner hunn den Elteren a Frënn d'Lidder vun hirer CD virgestallt, ënnert der Leedung vun hirer Dirigentin Ada Chele.
E grousse Merci un de Steve Humbert, Direkter fir d'Organisatioun an un all d'Benevollen, déi gehollef hunn.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.