Beim Krimi Dinner de 7. Mäerz 2026, dee vum Comité vu Biissen fir den Télévie organiséiert gouf, gouf et e 5-Gäng-Menü, dee vum Bierschbescher Atelier gekacht gouf. Wärend dem Owend gouf ee Krimi-Theaterstéck vum Cercle Dramatique vu Biissen gespillt, bei deem och d’Gäscht mat abezu goufen.
Zerwéiert gouf ënnert anerem vun de Ministere Martine Hansen a Léon Gloden.