Méi ewéi 100 Leit, dorënner d’Diane Wunsch (Coordinatrice vum Télévie), d’Nathalie Frisch (Presidentin vun der Fondation Kiwanis), Familljen, déi vum Kriibs betraff sinn oder waren, Benevollen, Dokteren, Chercheuren, Organisatiounscomiteen vun de neien Centres de Promesses an déi vun der Editioun 2019, hu sech an der RTL City zesummefonnt, fir dës 19. Editioun vum Télévie ze ënnerstëtzen.

En Häerz fir den Télévie !

Ëm déi 200 Bougien a Form vun engem groussen Häerz hunn och dëst joer de  Spendemarathon lancéiert, mam Zil nees eng Rekordzomm fir d’Kriibsfuerschung ze sammelen. Wéi all Joer gëtt den Télévie a senger Missioun nees vum Centre de promesses permanent vu Rodange ënnerstëtzt. Dobäi kommen 4 nei Zentren fir d’Editioun 2020, déi dëse Freiden am Live! Planet People virgestallt goufen:
-    Iechternach
-    Stroossen
-    Suessem
-    Ëlwen

Rekord 2019 : méi wéi 2 Milliounen Euro goufe gespent

2019 war e Rekordjoer fir den Télévie. Mat der Ënnerstëtzung vun de Centres de Promesses an der Generositéit vun der Populatioun konnten dëst Joer fir d’éischt méi wéi 2 Milliounen Euro – 2.005.842 Euro - gesammelt ginn, déi integral an d‘Kriibsfuerschung zu Lëtzebuerg investéiert goufen. Zanter 2002 huet den Télévie an Zesummenaarbecht mat RTL Lëtzebuerg 23.222.121 Euro fir d’Kriibsfuerschung gesammelt.

Liewe retten, d‘Fuerschung finanzéieren an de Public op de Kriibs opmierksam maachen: ronderëm dës Missioune sinn och dëst Joer nees eng ganz Rei Manifestatioune geplangt.

Live! Déi ganz Emissioun iwwert den Télévie elo och am Replay : 

Méi Informatiounen iwwer den Télévie an déi nächst Manifestatiounen op televie.lu

SAVE THE DATE : de groussen Télévie-Dag ass e Samsden den 25. Abrëll 2020.