Süden, Osten, Norden, Westen. An all Himmelsrichtung gëtt et e Samschdeg en Téléviezenter, an d'Gemeng Noumer ass dat Nërdlechst wat mir dëst Joer ze bidden hunn. De Countdown leeft, a wéi se sech opgestallt hunn a wéi se sech hir Première virstellen héiere mer de Moien live vun der Plaz. Si spillen alles schonn eng Kéier duerch, well e Samschdeg musse si ëm dës Zäit och schonn op de Been sinn, da gëtt et och Fréibiren.