Organisateur: Cercle Dramatique Bissen
Wou: Veräinshaus Bissen
Neuroseg Zäiten
E lëschtegen 3 Akter vum Winnie Abel
op lëtzebuergesch iwwersat vum Roby Zenner
De Cercle Dramatique Bissen invitéiert op hir Theaterowender an d'Veräinshaus zu Biissen.
Freideg, de 7. November 2025 um 20:00 Auer
Samschdeg, de 8. November 2025 um 20:00 Auer
Freideg de 14. November 2025 um 20:00 Auer
Samschdeg de 15. November 2025 um 20:00
Wéi empfänkt ee Besuch am Geckenhaus, ouni datt de Besuch mierkt, datt en an engem Geckenhaus ass? Virun dëser Erausfuerderung steet d'Agnes Adolon, Duechter vun enger räicher Hoteldynastie. Hir Mamm huet hire spontane Besuch ugekënnegt, just datt déi der Meenung ass d'Agnes géif an enger Villa wunnen a a nitt an enger Irrenanstalt. Kuerzfristeg sollen d'Matbewunner versiche wéi ganz normal Mënschen ze wierken a schonn hëlt d'Verwiesselungsspill säi Laf bis alles komplett ausser Kontroll geréit.
Wien ass hei eigentlech verréckt? A wat heescht iwwerhaapt normal?
https://download.rtl.lu/2025/10/10/14461fbd81cb1618bdf912254a2fb11f.pdf