Organisateur: Gemeng Feelen, Schoul, Maison Relais, Veräiner an Hobbykënschtler
Wou: Kuebebongert (Schoulhaff bei der Kierch)
Nom grousse Succès vum leschte Joer gëtt et 2026 eng zweet Editioun vum Feelener Chrëschtmaart. Den 29. November gehéiert d'Plaz ronderëm d'Schoul de Kanner aus dem Kuebebongert. Ëm 15 Auer kënnt de Kleeschen; ëm 16 Auer mécht de Chrëschtmaart seng Dieren op. Ëm 17 Auer ass et den offizielle Lancement vum Télévie zu Feelen. Den Erléis vun dësem Dag ass fir den Télévie. Den 30. November ass et un de Feelener Hobbykënschtler. D'Veräiner suergen dofir, datt keen hongereg an duuschtereg bleift. En Deel vum Erléis geet och dësen Dag un den Télévie. Mir freeën eis op Iech!