Organisateur: Gemeng Käerch

Wou: Am Gréiweschlass zu Käerch

Kommt a genéisst d’festlech Atmosphär vum Niklosmaart am Gréiweschlass zu Käerch!
Vum 29. November bis den 1. Dezember 2024 verwandele mir dës historesch Kuliss an e festlecht Erliefnes mat Charme fir Grouss a Kleng. En plus ass den 29. November um 18 Auer den offiziellen Startschoss vum Télévie Zenter Käerch.
An 23 Chaleten erwaart Iech eng divers Auswiel u kulinareschem Genoss an Handwierkleches, perfekt fir déi besënnlech Zäit.
Fir déi Kleng ass gutt gesuergt: mat Facepainting, kreative Chrëschtdekoe vun de Schüler an natierlech mam Highlight - dem Kleeschen an der Kutsch, deen seng Titercher verdeelt.

https://download.rtl.lu/2024/11/13/01c77992a6069f3588d91b3e80b46ba3.pdf