televie-logo
Vum 06.11 bis 29.01
Fotosausstellung mat Infrarout Fotoen aus der Gemeng Schengen
Organizer: Pascal Schaeffer
Wou: Musée de Remerschen - Princesse Marie-Astrid Europe
Ech organiséieren eng Fotoausstellung mat Infraroutfotoen, déi an an ëm d'Gemeng Schengen gemaach goufen, mee haaptsächlech am Beräich vun de Weieren zu Remerschen. Infraroutfotografie erlaabt eis, Liicht ze gesinn, dat mam bloe A onsichtbar ass. Fir dat z'erreechen, benotzen ech zwou Kameraen, déi speziell fir dëse Zweck modifizéiert goufen, an Infraroutfilter, fir d'Sonneliicht, dat vun de Blieder reflektéiert gëtt, festzehalen. Déi Biller ginn duerno mat Foto-Bearbechtungssoftware nach weider beaarbecht. Zum Beispill ginn ënner anerem d'Faarfkanäl getauscht. Infraroutfotografie huet näischt mat kënschtlecher Intelligenz ze dinn, an et gëtt keng kënschtlech Intelligenz benotzt. Zéckt w.e.g. net, mech ze kontaktéieren, wann Dir weider Froen hutt. En Déel vum Erléis gett un den Télévie gespent.
https://www.pascals.photo