16 Ekippen aus der Gemeng a jeeweils eng Ekipp vu Leideleng a vu Bartreng haten drun deelgeholl. Beim Event koume ronn 2.100 Euro an d’Keess. Dëse Montant huet de Club op 2.500 erhéicht. D’Recettë ginn integral fir den Télévie gespent. D’Coordinatrice vum Télévie, Diane Wunsch war dann och op Mamer komm, fir de Scheck entgéint ze huelen. Si huet de Responsabele vum Club villmools Merci gesot. D’Gemeng war duerch de Buergermeeschter Luc Feller, d’Schäffe Roger Negri an Ed Buchette, d’Schäffin Francine Closener a Membere vum Gemengerot bei der Scheckiwwerreechung vertrueden. De Buergermeeschter huet a senger Interventioun op de soziale Rôle vun de Clibb higewisen a sech erfreet gewisen, dass et esou vill dynamesch a solidaresch Veräiner an der Gemeng gëtt.