Schminckposchen fir d’Fuerschung
D'Jacqueline Raths-Reckinger, déi an hirer Fräizäit Coursen ubitt zum Thema bitzen a schneideren, hat d’Iddi fir selwer entworfen an hiergestalte Schminckposchen fir de gudden Zweck ze verkafen. 515 € sinn heiduerch fir den Télévie zesumme komm.
Just-For-Fun ënnerstëtzt Télévie
Den Turnveräin Just-For-Fun aus der Gemeng Tandel hat am November vum leschte Joer op e Beaujolais-Owend invitéiert, wou et nieft deem bekannte Wäin natierlech och e Kéisteller a Musek gouf. Als Resultat vun deem gesellegen Owend konnten d’Vertrieder vun Just-For-Fun lo 1.500 € un de Centre de Promesses Tandel viruginn.
Amiperas - Spaass a Spill fir déi gutt Saach
Als ee vun den éischte Veräiner haten d’Amiperas sech bereet erkläert am leschten November ee Kaarten- a Spillnomëtteg fir den Télévie auszeriichten. Bei Kaffi, Cremant a Kuch gouf gespillt a sech ënnerhal, och déi grouss Tombola huet fir glécklech Gesichter gesuergt. 1700 € hat dës Aktioun um Enn fir déi gutt Saach agespillt.