An dëser Aktivitéit kachen déi Jonk eemol an der Woch zesummen a probéieren dobäi nei Rezepter aus, fir d'Friichte vun hirer Aarbecht dann zum Schluss zesummen ze iessen. Relativ séier koum dunn och d'Iddi op, mat dëser Aktivitéit och nach aner Leit ze ënnerstëtzen, wat schliisslech dozou gefouert huet, datt den Charity Dinner an d'Liewe geruff gouf. Op dësem Owend kënne sech invitéiert Gäscht vun de Kachkënscht vun deene Jonken iwwerzeegen, woubäi hiren Entrée integral gespent gëtt. Dëst Joer war den Erléis da fir den Télévie vun RTL, fir op dësem Wee d'Recherche an d'Lutte géint de Kriibs ze ënnerstëtzen.

Et ass der generéiser Ënnerstëtzung vun de Gäscht, ma virun allem awer och dem groussen Asaz vun deene jonke Käch a weideren Apprenantë vun der EIMLB, déi deen Owend fräiwëlleg gehollef hunn, ze verdanken, datt op dës Manéier 1.620 € fir den Télévie gespent konnte ginn.

Et war mat Sécherheet fir jiddereen e kulinaresch onvergiesslechen Owend, deen duerch vill Häerzblutt vun alle Bedeelegten zu engem grousse Succès ginn ass.