© RTL
Domat géing Cactus d'Engagement vum Familljebetrib fir wichteg gesellschaftlech Sujete betounten. Am Kader vun der Kollaboratioun verflicht sech Cactus, eng Rei Aktiounen an Initiativen op d'Been ze stellen, fir Spende fir d'Stëftung Kiwanis ze sammelen an esou den Télévie z'ënnerstëtzen. Ënnert anerem wéilt Cactus iwwer hir Kommunikatiounsplattforme méi Visibilitéit fir d'Kriibsfuerschung schafen an d'Participatioun vun hire Clientë fërderen.
Vun e Freideg u bitt Cactus an hire Butteker ënnert anerem Télévie-Gadgeten un. 100% vun deene Recettë ginn dann direkt un d'Fondatioun Kiwanis Lëtzebuerg, déi schonn zanter 2001 d'Spende fir den Télévie Lëtzebuerg geréiert. Doriwwer eraus kënnen d'Clienten och sougenannt "solidaresch Produiten" kafe kënnen, déi an engem vun de véier Atelieren hiergestallt ginn. En Deel vum Verkafspräis vun deene Produite geet direkt u Kiwanis, mam Rescht gëtt den Télévie ënnerstëtzt.
D'Produite wäerten ausserdeem an de Butteker besonnesch ervirgehuewen a variéiere mat der Joreszäit. Den Ufank maachen d'Stolle vum Schnékert, de Marmerkuch vum Cactus Hausgemaacht an d'Cactus-Frëschmëllech.
Cactus a Fondatioun Kiwanis zesummen neie Partner vum Télévie (8.11.24)