Update: 24.04.2014 14:17
Deen nach ganz jonken Theaterveräin gouf am Oktober 2012 gegrënnt an déi 17 Memberën rondrëm hieren dynamischen Präsident Frank Schmit hunn elo grad hier zweet, ganz erfollegräich, Theatersaison ofgeschloss. Am Festsall zu Branebuerg woussten si matt lëschtegen Dräi-Akter all Joer méi wéi 600 Zuschauer ze begeeschteren. Niewent hierem Bestriewen, de Leit matt hirem Theaterspillen eng Freed ze man, denkt d’Bleesdaller Dunnekëscht awer och un déi Leit, deenen et gesondheetlech net esou gutt geet an ass dofir frou, fir den Télévie kënnen matt dësem kléngem Geste ze ënnerstëtzen.